Dir maacht Vakanz hei zu Lëtzebuerg. Wat gëtt et do alles ze entdecken? Wéini sinn déi grouss Eventer?

De Luxembourg City Tourist Office an d’Stad Lëtzebuerg zesumme mat den Offices Régionaux du Tourisme invitéieren Iech elo e Freiden an e Samschden op den „Explore Luxembourg“ op d’Place d’Armes an der Stad.

Feiert och dir mat de Start an d’Touristesaison 2019, an entdeckt vill flott an nei touristesch Attraktioune fir Famille mat Kanner, Natur- a Sportbegeeschterter, Konscht- a Kulturamateuren, an dëst an enger 100 % lëtzebuergescher Ambiance.

Explore Luxembourg, mam Mini Grand-Duché op der Place d’Armes.

Dëse Freide vun 11 bis 6 an e Samschde vun 10 bis 6.

Méi Informatiounen op luxembourg-city.com.