De Lycée vun de Naturwëssenschaften

Kommt dëse Freide vu 14.00 bis 19.00 op d’Porte Ouverte an d‘Ackerbauschoul op Ettelbréck.

Loosst Iech informéieren iwwert d‘Beruffer vu Bauer, Bëschaarbechter an Ëmwelttechniker, déi verschidde Gäertnerberuffer an déi vum Land-, Baumaschinnen- a Camionsmechatroniker.

Besonnesch interessant fir 7e-Schüler ass Schaffe mam Ipad, Français+ a Mathe op däitsch.

Attraktiv Beruffsméiglechkeete bidden sech naturwëssenschaftlech orientéierte Schüler mat eiser Sektioun „Sciences naturelles“ am régime technique déi mir als eenzeg Schoul am Norden ubidden.

Porte Ouverte dëse Freiden am LTA.

Informéiert Iech op lta punkt lu

Fit fir d’Zukunft mam LTA – dem Lycée vun de Naturwëssenschaften