Cadoline zu Iechternach mécht seng Dieren zou!
Maacht och gutt Affären op der Braderie de nächste Weekend.
No 27 Joer an der Halergaass zu Iechternach, geet d’Romy Thibeau an e puer Méint an d’Pensioun a mécht dann d'Diere vun hirem Geschäft Cadoline definitiv zou.
Profitéiert dofir wärend der Liquidatioun vun interessante Präisser op Dekoratiounsartikelen, Biller, Houssen, Bueddicher, Nappen, Decken a Bettgeschier vu bekannte Marken ewéi Joop, Pichler a Kawö.
Donieft ginn et och Remisen op de Bijoue vun de Marke Pandora, Thomas Sabo, Swarowski, Engelsrufer a ville weideren.
Luusst also eran a loosst Iech nach e puer Mol richteg verwinnen.
Dofir besicht si op 46, rue de la Gare zu Iechternach, op Facebook oder op der Braderie deen nächste Weekend.