Dëse Sonnden ass Bléien a Beieefest zu Kaalber

Dat ass Natur pur vun der Our, Produiten, déi ënnert de Grondzieler Transparenz, Traçabilitéit a Qualitéit produzéiert ginn. Hei ginn et verschidden Zorte kal gepressten Ueleger, gudden Hunneg, Moschter, Wëllkarnuddelen a villes méi.

Dëse Sonnden ass Bléien a Beieefest zu Kaalber, dat vun der BEO , der Bauereninitiviativ fir d‘Eisleck, hire Genossenschaften an dem Klierfer Beieveräin organiséiert gëtt.

Hei kënnt Dir um Bléiepad duerch d‘Natur spadséieren oder Iech vum Trakter am Won féiere loossen, Hunneg schleideren, u Konferenzen deelhuelen an och déi regional Produiten um Bauremaart schmaachen, kafen a kucken, wou a wéi se hiergestallt ginn.

D‘Ourdaller Bléien a Beiefest dëse Sonnden zu Kaalber an och ob www.beo.lu.

EGR : 24.06 - 29.06.2019