De Minett-Kompost um Monkeler
Dëse Samschdeg vun 10 bis 6 Porte ouverte vum Minett-Kompost.
De Gemengesyndikat Minett-Kompost invitéiert de Samschdeg op säi Kompostfest, dëst Joer ganz am Zeeche vum 25jähregen Anniversaire.
Minett-Kompost stellt Biogas an héichwäertege Qualitéitskompost aus dem Biooffall vun 210.000 Awunner aus 21 Gemengen hir an ass domat e wichtegen Acteur aus der “Circular Economy”.
Hei kënnt der de ganzen Dag iwwer Visitte vun den Anlage maachen.
Ab 12 da Live Musek mam Jazz-Quintett « Jazz lives ».
Gedrénks, Iessstänn a kapverdianesch Spezialitéiten.
Loosst Iech vun hire Qualitéitsprodukter iwwerzeegen, ewéi dem RAL-Qualitéitskompost, dem Blummebuedem “Floravitalis” oder de verschiddene Buedemmëschungen a Mulchzorten.
Dëse Samschdeg vun 10 bis 6 op der Porte ouverte vum Minett-Kompost, Z.I Um Monkeler – Esch Uelzegt a Schëffleng.