Alles ronderëm erneierbar Energien, Ëmwelt a Mobilitéit

D'Gemenge Munneref, Duelem a Fréiseng invitéieren Iech dëse Sonndeg op déi 5. Editioun vum Fun meets Energy Day ronderëm déi nei Gemeng zu Munneref.

Moies um 10 Auer geet et lass mat interessanten Theme ronderëm erneierbar Energien, Ëmwelt a Mobilitéit. Net ze vergiessen eng flott Presentatioun vu Fairtrade a fir de Fun ee grousse Spillgaart fir d’Kanner.

Net ze verpassen och dësen Dag op der selwechter Plaz vun 9 Auer un d'Vizfest vun de Munnerefer Mais, de Kanner-a Famillje Floumaart vum Syndicat d'Initiative an um 11:00 Auer d'offiziell Ouverture vun der 7. nationaler Landesgrillmeeschterschaft.

Infoen op mondorf-les-bains.lu

EgR MONDORF-LES-BAINS