Dëse Samschdeg vun 11 Auer un op der Place Clairefontaine

„Fir méi Akzeptanz an Toleranz“ dëst ass de Motto vum Memory Walk, deen d’ala dëse Samschdeg am Kader vum Welt-Alzheimer-Dag organiséiert.

D’Mënsche mat Demenz solle spieren, dass si trotz Erkrankung an der Gesellschaft integréiert an acceptéiert sinn. Dofir ass et wichteg, datt mir oppen doriwwer schwätzen.

Vun 11 Auer un gitt dir op der Place Clairefontaine alles iwwer déi verschidde Forme vun Demenz an d‘Servicer vun der ala gewuer.

Weist är Solidaritéit mat de betraffene Leit a maacht mat beim Memory Walk.

Umelle kënnt dir iech gratis op www.alzheimer.lu.

De Memory Walk vun der ala: dëse Samschdeg op der Place Clairefontaine. Fir Animatioun an Iessen ass natierlech och gesuergt.

EgR : 16.09 - 21.09.2019