Lescht Ligne droite fir Tapis Hertz an der Groussgaass an op der Helfenterbréck. Teppecher, Rideauen, Haustextilie a vill Dekoratiounsartikele fannt dir vum 15. November un op enger eenzeger Adress an zwar um Rez-de-Chaussée am neien Deel vun der Belle Etoile zu Bartreng. Bis dohinner kënnt dir awer nach super Affären op deenen 3 aktuellen Adresse maachen, wou groussen Ausverkaf mat eemolege Remisen ugesot ass. Rendez-vous also an der Belle Etoile um éischte Stack, um Groussgaasseck an der Stad an an der Teppechhal op der Helfenter Bréck. Weider Informatiounen an News fannt dir op hirer Facebook-Säit an ob www.tapishertz.lu

EGR- TAPIS HERTZ