Open-Air Grusel Kino op der Maartplaz zu Klierf
Den 31. Oktober och Gruselfest zu Klierf
Open-Air Grusel Kino op der Maartplaz zu Klierf - Dëse Samschdeg, vu 4 bis 10.
Ugefaange mat der Däitscher Versioun vum "Maleficent 2", deen eréischt zanter kuerzem an de Kinoen ze fannen ass.
An der Haaptroll ass d’Angelina Jolie. De Film ass vun 8 Joer un a mat Begleedung vun engem Erwuessenen.
Mam Horrorthriller "Ready or not? - a nedding nightmare" geet et dann um 8 weider.
Dëse Film gëtt op Englesch gewisen an ass fir Jugendlecher iwwer 16 Joer.
Et gëtt och geroden sech den Temperaturen entspriechend waarm unzedoen.
Den Entrée ass 5 Euro a gratis fir Kanner ënner 16.
Den Erléis geet un d’"Apemh Sonnenhaus Klierf".
Fir iessen a Gedrénks ass och gesuergt.
Den 31. Oktober ass dann och Gruselfest zu Klierf an dat mat ville Grujel-Aktiounen an d’Geschäfter si bis 8 fir Iech op.