Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
Nach bis den 29. Dezember kënnt Dir Iech bei dëser Expo en Bild vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich maache kommen.
Am Kader vum 75. Joresdag vun der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch déi alliéiert Truppen organiséiert d’Gemeng Péiteng an de Comité du souvenir de la commune de Pétange eng Ausstellung zum Thema Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich.
Op iwwer 950m2 gëtt d’Lëtzebuerger Geschicht wärend dem Zweete Weltkrich representéiert: d’Onofhängegkeetsfeierlegkeeten aus dem Joer 1939, de véierzegjäregen Naziregimm, d’Ardennenoffensiv oder och d’Nokrichszäit.
An dësem Kader invitéieren e Samschden, den 21. Dezember d’Harmonie municipale vu Péiteng an d’Harmonie des Jeunes op en Gala Concert an der Péitenger Sportshal.
Weider Infoe fannt Dir op zweeteweltkrich.lu