D'Nordstad Lycéeën invitéiere fir déi 3. Kéier op d'„Schoulfoire Nordstad“.

Wéi geet et no der Primärschoul weider? Awer virun allem: An wéi engem Lycée geet et weider? Fir Elteren a Schüler am Cycle 4, heibäi weiderhëllefen ze kënnen, organiséieren d’Lycéeën aus der Nordstad och dëst Joer erëm hir „Schoulfoire“.

E Samschdeg, de 25. Januar stinn Iech hei vun 9 bis hallwer 1 an der Däichhal zu Ettelbréck 5 verschidde Lycéeë Ried an Äntwert.

Hei presentéieren sech de Lycée Classique de Diekirch, de NordstadLycée, de Lycée technique d’Ettelbruck, de Lycée technique agricole an d’Ecole Privée Sainte-Anne an hëllefen Iech déi gëeegent Schoul ze fannen déi den individuelle Besoine vun Ärem Kand gerecht gëtt.

EgR: Lycéeën aus der Nordstad