Hei ass all Client mat egal wéi enger Autosmark wëllkomm.

D’Garagë Simon du Nord an d’Garage Jang Blom hunn fir d’Joer 2020 decidéiert zesummen ze schaffen. Heibäi eraus koum: CarTriLux.

Dir fannt CarTriLux dräi Mol am Norde vum Land: zu Fëschbech bei Klierf, zu Tarchamps an och zu Angelduerf. Zu Fëschbech kritt Dir niewent de Marke Fiat a Fiat Professional och Marken ewéi Suzuki an Hyundai. Zu Angelduerf fannt Dir weiderhin d’Mark Suzuki an de  Service fir Citroën. Den Hyundai Service a rezent Occasioune vun alle Marken zu interessante Präisser fannt Dir dann zu Tarchamps.

Mä CarTriLux steht hirer treier Clientèle och weiderhi mat kompetentem Personal zur Säit, an schafft och un all aner Marken, soumat ass all Client wëllkomm a kann hir Servicer an Usproch huelen.

Kuckt och op cartrilux.lu.

EGR CarTriLux 17-JAN-20