Musée National de la Résistance
Geschicht soll net mat der Zäit verblatzen.
Spillt d'Erënnerung un eis eege Vergaangenheet, mat Diktatur, Krich, Zerstéierung an Doud, haut nach eng Roll fir eis, fir jonk Leit, Migranten oder Flüchtlingen? Gëtt et een Zesummenhang zu de politeschen Entwécklungen aus eiser haiteger Zäit? Wéi hunn d’Lëtzebuerger deemools reagéiert? Wéi sinn déi opgeholl ginn, déi fortgelaf sinn? Wat ass mat deene geschitt, déi sech gewiert hunn?
75 Joer no der Befreiung vun Auschwitz ass d’Wëssen ëm dat, wat am 2. Weltkrich geschitt ass, sou wichteg wéi ni. Besicht dofir de Resistenzmusée zu Esch, deen op ass vun Dënschdes bis Sonndes vu 14 bis 18 Auer. Den Entrée ass fräi. Weider Informatiounen, och fir Gruppen, fannt Dir op musee-resistance.lu