Dëse Weekend Porte Ouverte bei Fishing World zu Beetebuerg - fir a mat Weltmeeschter

De Fishing World zu Beetebuerg invitéiert Iech dëse Freiden, Samschden a Sonnden op seng Porte Ouverte.

Schwetzen mat Experten, sech treffen mat Weltmeeschter (wéi de Patron Fränck Meis), déi neitsten Produiten virgestallt kréien: de Fishing World ass d‘Paradäis fir Fëscher.

Während dëser Porte Ouverte présentéiert de Weltmeeschter par Equipe, de Gilles Caudin, d’Neiegkeeten vun 2020 vun der Firma Sensas, de Max Aubert weisst d’Nouveautéiten vun Illex, an den Adrien Christophe stellt Fëschermaterial vu Gunki aus.

Verpasst och net déi exceptionnell Offeren a Promotiounen dëse Weekend bei Fishing World, 219, Lëtzebuerger Strooss, zu Beetebuerg.

EGR : 24.02 - 29.02.2020

http://www.fishingworld.lu/fr/