Chaussures Marcel Faber
Mat neie Schong vu Chaussures Marcel Faber vun Iechternach an d'Fréijoer 2020 starten.
Profitéiert vun der grousser Auswiel un gudde Markeschong bei Chaussures Marcel Faber, wou Dir d’Schong net nëmme kucke kënnt, mee och upaken an umoossen. Grat elo fir déi nei Fréijoerskollektioun mat deene flotte summerleche Faarwen a Matièren, lount et sech fir bei si laanscht ze goen.
An wann Dir Froen hutt oder Hëllef braucht, vläicht och beim Eraussiche vun der passender Posch, fannt Dir ëmmer frëndlech Mataarbechter déi Iech kompetent beroden. Besicht si also an der Haalergaass zu Iechternach. Elo och erëm Sonndes Nomëttes op, mat enger méi klenger Ekipp.
A fir en klenge Virgeschmaach op déi nei Kollektiounen, kuckt och op chaussures-faber.lu. An Dir wësst jo, wie bei Chaussures Marcel Faber keng fënnt, brauch keng!