Gratis Liwwerung vun der Boucherie-Traiteur Niessen
Och hir 3 Buttéker zu Elwen, Bartreng an um Belair mat regionale Produkte bleiwe fir Iech op
An dese schwéieren Zäite muss ee fir deen aneren do sinn: duerfir bitt de Metzler an Traiteur Niessen senge Clienten elo bis op Weideres all Liwwerung, vun enger Bestellung vun 30 € un, am ganze Land gratis un! All Mesure vun Hygiène si getraff!
Zur Auswiel stinn allerlee Produkter aus der Metzlerei, Traiteursplaten, Geméis, Mëllechproduiten an Drechewueren. Reservéiert all Dag bis 12.00 Auer op info@niessen.lu oder iwwer Telefon an da gitt Dir den Dag drop beliwwert.
Bleift gesond! Dat wënscht Iech déi ganz Equipe vun der Boucherie-Traiteur Niessen.
Och hir 3 Buttéker zu Elwen, Bartreng an um Belair mat regionale Produkte bleiwe fir Iech op!
Méi Infoen op niessen.lu!