Loosst Iech déi gutt Wäiner vun der Musel ganz einfach a bequem Heem liwweren.

Mam schéine Wieder vun de leschte Woche kann d’Grillsaison elo schonn ufänken. Passend dozou proposéiert Iech den Domaine Henri Ruppert seng Plume Rosé, en erfrëschende sëffege Summerrosé. Dëst ass den ideale Rosé fir an der Sonn am Gaart oder op der Terrass ze genéissen.

Den Domaine bitt jidderengem dee passende Wäi fir all Geleeënheet, sief et flott Wäisswäiner, sprëtzeg Cremanten, kräfteg Lagen- a Barriquewäiner oder och gehaltvoll Routwäiner.

Weider Infoen iwwert all d´Wäiner vum Domaine fannt Dir op domaine-ruppert.lu.
Et bleift keen um Dréchenen !
Domaine Henri Ruppert, wou d´Qualitéit Doheem ass.

EgR : 20.04 - 25.04.2020