Lokal produzéiert – lokal genéisse, mam Niessen!
Zu Bartréng, zu Elwen an an der Bio-Metzlerei um Belair
Lokal produzéiert – lokal genéissen! Bleift doheem a loosst Iech verwinnen - vum Metzler an Traiteur Niessen! Genéisst hir ganz Gamme vu Produkter, déi si gratis vun dënschdes bis samsdes uechter d’ganzt Land liwweren. Fleesch, Uebst, Geméis, Fësch, Grillspezialitéiten a Wäiner aus der Selektioun Niessen.
Loosst Iech vun hirem Traiteur-Service verwinne mat fäerdege Platen a komplette Menüer mam Dessert – ganz praktesch heem geliwwert, frësch op den Dësch! Niewt der lokaler Produktioun zu Bartréng an zu Elwen hu si och eng Bio-Metzlerei um Belair! Kuckt och op niessen.lu!
De Jean-Marie an de Patrick Niessen soen hire Clienten an dem Personal villmols Merci fir déi trei Ënnerstëtzung a sinn och weider fir Iech do !