De Lycée Josy Barthel vu Mamer mécht seng Schüler fit fir d'Zukunft!

De Grondstee leeë fir d’Zukunft vu senge Schüler, dat ass d’Missioun, déi de Lycée Josy Barthel zu Mamer sech ginn huet.

An dat am Classique, am Général an am Préparatoire.

Et gëtt vill Grënn, sech fir de Mamer Lycée z‘entscheeden :
Zum Beispill, dass all Schüler vu Septième un en iPad kritt fir interaktiv ze léieren.Oder de Programm Sprooche plus fir am Franséischen an am Däitsche besser ze ginn.

Vill interessant an innovativ Sektioune stinn zur Auswiel : Vun de Naturwëssenschaften iwwert Architektur, Design an Développement Durable bis zu Medien a Kommunikatioun.

De Lycée Josy Barthel zu Mamer mécht seng Schüler fit fir d‘Zukunft.

Elo z‘entdecken op ljbm.lu mat ville flotte Videoen, an den Äntwerten op all Är Froen. Ljbm.lu.

EgR : 25.05. - 30.05.2020