Fir Iech ass en Alters- oder Fleegeheem keng Optioun? Mateneen.lu hëlleft Iech sécher Doheem duerch Ären Alldag.

Braucht Dir eng Hëllef beim Kachen, akafen, spadséiere goen oder am Haushalt?

Mateneen.lu ass déi éischt Entreprise hei am Land, déi eelere Leit eng qualifizéiert ronn ëm Betreiung ubitt an dat do wou et am schéinsten ass – an Ärem eegenen Doheem.

Eng qualifizéiert Betreiungspersoun déi just fir Iech kacht, Äert Haus propper hellt an op Iech oppasst an dat alles an Ärem vertrauten Ëmfeld.

Mateneen.lu erméiglecht Iech ären Alldag esou ze gestalten dat Är Liewensqualitéit am eeleren Alter net ofhëlt. An dass Dir Är Alldagsroutinen esou laang a gutt et geet bäibehale kënnt.

De Respekt an de Wonsch vun der eelerer Autonomie gëtt natierlech berécksiichtegt an individuell ugepasst.

Mateneen.lu - ären individuellen Service vun enger ronn ëm d’Auer Betreiung.

EgR : 27.07 - 01.08.2020