Nei Geschäftskonzepter an Iddien
De Pop-Up Esch geet weider!
Elo kënnt Dir zu Esch kreativ a couragéiert Geschäftsleit kenneléieren an hir Visiounen entdecken!
D’Gemeng Esch-Uelzecht invitéiert Iech vun Dënschdes bis Samschdes an de Pop-Up Esch !
Um 121, Uelzechtstrooss kënnt dir ab dem 2. Oktober verschidde Geschäftskonzepter an Iddien entdecken.
Vum shoppen, bis hin zu Servicer, Iessen an Expoen oder Eventer ass alles derbäi! Kommt laanscht luussen a loosst Iech vun neien Iddien iwwerraschen an iwwerzeegen!
Weider Infoen zum Pop-Up Esch fannt dir op pop-up.esch.lu.
E gudde Rot - Pop-Up Esch
Am meeschte gelies