Fir seng Muppen oder Kaze wëllt een ëmmer just dat Bescht. Wisou dann net och eng Versécherung?

E gudde Rot mat Axa

Kennt Dir schonn déi nei Krankeversécherung vun Axa fir Muppen a Kazen?

Vun 12 € de Mount un fir eng Kaz a 14 € de Mount fir en Hond hutt Dir de Choix tëschent 3 Formulle, mat engem maximale Remboursement vun 2.500 € d’Joer.

En net geplangten Agrëff wéinst enger Krankheet oder engem Accident ka bis zu 2.000 € iwwerholl ginn. Mat der neier “Pet Insurance” hëlleft Iech Axa Lëtzebuerg d’Veterinärskäschten, d‘Berodung, d‘Hospitalisatioun, Medikamenter oder aner Behandlungen am Zesummenhang mat der Gesondheetsversécherung vun Ären Hausdéier ze decken.

Fir Ärem pelzege Begleeder dat Bescht fir seng Gesondheet ze bidden, ouni sech iwwert déi finanziell Folge Gedanke maachen ze mussen, kuckt elo op axa.lu oder loosst Iech vun Ärem Axa Agent beroden.