Am Kader vun der Nuit du Sport sitt dir och ganz häerzlech op Beetebuerg invitéiert, wou dir un enger hellewull vun Aktivitéiten kënnt deelhuelen.

Virun der Sportshal gouffen 150 Tonne Sand opgetippt, sou dass Beach Badminton, Beach Tennis a Beach Handball kënne gspillt ginn.

Fir déi kleng ass déi 9 Meter héich Himalaya Kletterwand op Besuch, an och an der Schwemm ass fir vill Spass gesuergt, vergiesst also äre Maillot net.

Maacht och mat beim Sumo Kampf, Trampolin, Agility, Zumba, Streetsoccer, Ping Pong, Hip Hop, orientaleschen Danz a villem méi.

D’Nuit du Sport – de Samschden, 16. Mee 2015 vu 17h00 - 23h00 zu Beetebuerg.

Kuckt och op www.bettembourg.lu.