Eng Hellewull am Stock: Wat mat saiséierten Objete passéiert
© Diana Hoffmann
Eréischt zanter 3 Joer gëtt et de Bureau de Gestion des Avoirs, kuerz BGA, deen ënner anerem saiséiert a confisquéiert Wuere geréiert.
Aus dem rezent publizéierte Bilan geet ervir, dass de BGA, deen dem Justizministère ënnersteet, am Dezember zejoert 6.700 Objete geréiert huet, mat engem geschätzte Wäert vu bal 1,5 Milliarden Euro. Doriwwer eraus goufe 600 confisquéiert Objete fir 2,7 Milliounen Euro versteet.
Deemno stinn déi grouss Halen zu Suessem bis uewenhinner voll mat ënnerschiddlechen Objeten. Gaardegeschier, Computer, Vëloen, Poschen, Trottinetten, mee och Motorrieder an Autoen. Esouguer Camione sti virdrun."Dat kënne Objete sinn, déi saiséiert goufen, fir am Prozess kënnen als Beweismëttel virgeluecht ze ginn. Dir hutt awer och Wueren zum Beispill déi illegal oder illicite sinn", erkläert de Michel Turk, Direkter vum Bureau de Gestion des Avoirs. Als Beispill weist hien op déi verdréchent Cannabisplanzen. Warscheinlech wieren dës an ze grousser Zuel bei engem Doheem fonnt ginn.




























Awer och Wueren, déi geklaut goufen, a wou een net weess, wiem seng et sinn, ginn an den Hale stockéiert. Wéi laang déi saiséiert Objeten dobleiwen, ass ënnerschiddlech. "Se gi gehale bis entweder e Magistrat, den Untersuchungsriichter, wärend der Saisie decidéiert, dass se kënne verkaaft oder zerstéiert ginn. Oder mer waarden of, bis de Prozess gelaf ass, a bis en definitiivt Urteel virläit*, betount de Michel Turk. Jee no Decisioun géingen d’Saachen dann entweeder confisquéiert ginn, an dem Staat gehéieren, oder se géingen dem Proprietär zréck gi ginn.
D’Suen, déi aus dem Erléis vun engem verkafen Objet kommen, fléissen an e Fond fir de Kampf géingt verschidde Forme vu Kriminalitéit oder an de Staatsbudget. Wa d'Objeten näischt wäert sinn, gi se zerstéiert, erkläert de Michel Turk. Déi gréissten Zomme fléissen awer net hei. E groussen Deel vun de Saisien zu Lëtzebuerg wieren am Kader vun ekonomeschen Affären, wou Finanzproduite géinge saiséiert ginn. Aktuell wier de Gesamtwäert vun de saiséierte Saachen am Stock 1,4 Milliarden, sou den Direkter vum BGA. Eng hallef Milliarde wiere Compte courranten an eng hallef Milliarde Finanzproduite wéi Aktien oder Obligatiounen. Och dës musse vun de BGA-Mataarbechter geréiert ginn.
Plaz ewech an den Halen huelen awer besonnesch déi iwwer 1.000 Autoen um Site, déi deels a Regaler, véier iwwertenee, stinn. “Mer sinn amgaangen, lues a lues déi Saisië vu virun 22, ier et ons ginn ass, ze recuperéieren. Dat heescht, et ass normal, dass mer elo nach an enger Phase sinn, wou d’Zuel vun den Dossieren och an den nächste Joren nach wäert an d’Luucht goen”, seet de Michel Turk. Wann déi al Affäre bis opgeschafft sinn, rechent een domat, dass sech d’Situatioun berouegt. Sécher ass awer och, dass et a ville Fäll Jorelaang dauert, bis en endgültegt Urteel um Geriicht gesprach ass. An deene meeschte Fäll géing bis dohin näischt mat den entspriechenden Objete passéieren.
Dem Direkter vun dem Bureau de Gestion des Avoirs no hätt een den Ament dann och esou vill Autoen um Site stoen, well ee ganz wéineg saiséiert Gefierer an d’Gestioun krit an och wéineg Decisioune géinge geholl ginn, fir dass dës kéinte verkaaft ginn. Falls spéider en Urteel en faveur vum Proprietär géing geholl ginn, krit deen dann d’Suen aus dem Verkaf, an net en Auto, deen iwwert d’Joren eventuell vill u Wäert verluer huet.