e Samschden 6. Juni 2015

E Samschden, 6. Juni ass déi grouss Braderie zu Beetebuerg, déi vum Beetebuerger Geschäftsverband organiséiert gëtt. Et geet scho fréi Moies lass, an da bis an den Owend eran.

Super Geleeënheeten a Prozenter à gogo, vu Kleeder iwwer Schung bis bei Uebst, Geméis, Planzen, flott Kaddosiddien an Animatioun mat de Piccobello Pompjeeën an de Pipes & Drums.

Losst et iech och bei de Verainer an hieren verschiddenen Iessstänn gutt schmaachen.

A vergiesst net e Samschden den Owend de Beetebuerger Nuetslaf iwwer 4 an 10 Kilometer.

Parking bei der Gare a bei der Sportshal.

Grouss Braderie dëse Samschden, 6. Juni zu Beetebuerg. Kommt och bis laanscht.