Den Domaine Viticole Henri Ruppert invitéiert Iech dëse Weekend ganz häerzlech op seng Porte Ouverte zu Schengen um Markusbierg.

Samschdes geet um 4 Auer lass mat Degustatiounen, a vu 6 Auer un Top Musek aus den 80er a 90er vun der „Unplugged Gang", virdru bekannt als „Reminders“ vun Tréier.

Sonndes vun 10 Auer Moies un pendelt e Bus vum Domaine an e Wéngert, mat enger super Vue, wou Wäiner kënnen degustéiert ginn.

Also net verpassen, Porte Ouverte  dëse  Weekend zu Schengen um Markusbierg am Domaine Viticole Henri Ruppert, wou Dir iwwregens och gären op Reservatioun iessen kënnt.

Info a Reservatiounen op domaine-ruppert.lu