Zanter de Jérome GOERGEN d’lescht Joer déi beschtbekannte Brasserie GIELEN ECK zou Bouneweg iwwerholl a ganz nei gemaach huet, kann een hei esouwuel Mëttes, ewéi Owes e flotte Moment verbréngen an eng exzellent Kiche genéissen.

Weider Atouten si ganz sécher och hire grousse Parking hannert dem Haus, eng flott Terrass an hier Keelebunn. Ausserdeem ginn hei regelméisseg Afterwork-Party’en, Themenowender oder aner Evenementer organiséiert.

Esou och dëse Weekend, wann hei am groussen Zelt um Parking dee grousse Béierfestival stattfënnt. Eng Abberzuel u Béiermarken an -Zorte waarden hei op Iech, zesumme mat engem klenge Maufel, Live-Musek an engem Sprangschlass fir déi Kleng.

Weider Infoen op gieleneck.lu