Dëse Samschden heescht et 1 Joer Mini Models, wou een exklusiv a modern Moud fir Jongen a Meedercher tëscht 0 an 10 Joer kritt, an Dir sidd all häerzlech invitéiert den 1.Gebuertsdag matzefeieren!

Nieft spezielle Promotiounen op der aktueller Kleederkollektioun, huet d’Equipe vu Mini Models sech fir dës Occasioun nach eng ganz Rei aner Aktiounen afale gelooss: Facepainting vu Nomëttes 3 bis 5 Auer, de ganzen Dag Sandfësche mat grousser Tombola, a fir Iessen an Drénken ass natierlech och gesuergt. An als klenge Plus, Popcorn fir di Kleng!

Dofir kommt a feiert mat, dëse Samschde vu Moies 10 bis Owes 6 bei Mini Models zu Mondorf, nieft der Gemeng! Fir wieder Informatioune kuckt och op Facebook.