D’Kulturhaus Nidderaanwen invitéiert Iech dëse Weekend op déi 3. Editioun vum Grünschnitt, dem Open-Air Kuerzfilmfestival am Park vum Kulturhaus, dëse Freide fir Erwuessener a Sonndes fir Kanner.

Kuckt Iech déi international Gewënner ënnert de Kuerzfilmer un, ënner anerem och en Oscargewënner, an dat ënner fräiem Himmel, op engem groussen Ecran.

A wie seet Film, seet och Popcorn, mee domadder awer net genuch. Et gëtt och Gegrills a Gedrénks, a wann et emol sollt kal ginn, fir waarm Decken ass och gesuergt.

Déi 3. Editioun vum Grünschnitt dëse Freiden a Sonnden am Park vum Kulturhaus Nidderaanwen. Kuckt iech d’Traileren un op gruenschnitt.lu a fir weider Informatiounen, Ticketen an de komplette Programm kuckt op khn.lu