Kids Day am Musée des Mines zu Remeléng
 
                    e Samschden, 8. August 2015
E Samschden, 8ten August ass nees grousse Kids Day am Musée des Mines zu Remeléng.
Erlierft vun 11 bis 5 een ofwiesslungsräische Programm mat Bouschéissen, Facepainting, Wanderungen, Muséesrallye, Geocaching, Bastel a Spillworkshoppen, Visite Guidée’en a villem méi.
Den Entrée, ouni d’Visiten, ass fäi.
De Musée kënnt dir d’ganzt Joer iwwer besichen, och mam Zichelchen, an dat elo am Juli an am August vun Dënstes bis Sonndes vun 2 bis 6.
E Musee, deen weist, ennert wéienge schwierege Konditiounen d’Menschen deemols geschafft hunn, an esou een wichtegen Deel zur wirtschaftlecher Entwecklung vun eisem Land bäigedroen hunn.
De Musée des Mines zu Remeleng. Mat engem flotte Kids Day e Samschden, 8. August.
Kuckt och op www.mnm.lu.
 
                     
                     
                     
                    