Memory Walk am Kader vum Welt-Alzheimer-Dag
 
                    e Samschdeg, 19. September op der Place Clairefontaine
Am Kader vum Welt-Alzheimer-Dag invitéiert d‘Association Luxembourg Alzheimer, e Samschdeg, 19. September op déi 14. Editioun vum Memory Walk.
Lass geet et um 11 Auer op der Place Clairefontaine, mat villen Informatioune ronderëm des Krankheet, iwwert d’Servicer vun der ALA an Animatioun fir jiddereen.
De Memory Walk selwer geet um Eng, halwer Dräi an hallwer Véier op der Place Clairefontaine fort, fir d’éischt ob de Bockfiels, dann iwwert d’Corniche mat Bléck op den europäesche Quartier Kierchbierg, duerch d’Cité Judiciaire um Helleg-Geescht Plateau nees zereck.
De Memory Walk dëse Samschdeg.
Mellt Iech gratis un op www.alzheimer.lu oder den Dag selwer sur place.
Vergiesst net déi, déi vergiessen!
 
                     
                     
                     
                    