e Samschden, 12ten September

Op der Journée des Bonnes Affaires zu Beetebuerg, kënnt dir e Samschden, den 12. September, de ganzen Dag gutt Affaire maachen.

Vu Moies 9h00 bis Owes 19h00 ginn et vill Prozenter op der Strooss an an de Geschäfter.
Dir sicht vläit e neie Velo oder verkaft gären Ären alen? Dann ass de Velosoccasionsmaart genee dat richtegt fir Iech.

Fir Animation, e gudde Maufel an e Patt gëtt natierlech och beschtens gesuergt. Kommt laanscht op Quetschefest vun der Beetebuerger Musek op d'Kiercheplaz.

Vergiesst awer och net Semaine de la Mobilité zu Beetebuerg vum 12 bis den 24 September mat als Highlight Sonndes den 20. September vun 2 bis 4 Auer engem Velos-Workshop fir Kanner vun 8-12 Joer mam Andy Schleck.

Weider Infoen op www.bettembourg.lu.