De Klimapakt Team Munneref an Duelem invitéieren dëse Samschden op de Fun Meets Energy Day.

Moies um 10 Auer geet et lass mat interessante Presentatiounen a Konferenzen zum Thema Energie an Ëmwelt.

A fir de Fun suerge Sprangschlässer, Spiller, Quiz, Tombola a schéi Präisser! Dir kënnt och Elektro Autoen an E-Bikes testen.

Donieft ass och grouss Botz ugesot, dat vu Moies hallwer 9 un bei der Gemeng.

Fun meets Energy Day dëse Samschde bei der Munnerefer Gemeng an Owes Party um Bal vun der Amicale vun de Munnerefer Scouten.

Info op mondorf-les-bains.lu