Zauberwelt Schëffléng                            
                            Ferriminera Arts Festival
 
                    vum 30. Oktober bis 7. November zu Schëffléng
Schëffléng verwandelt sech vum 30. Oktober bis de 7. November an eng wonnerbar Zauberwelt. A jiddereen ass wëllkomm!
An dat um Ferriminera Arts Festival, mat villsäitege Atelieren vun Danzen iwwer Grafiti, Theater, Kachen, Fotografie, Schmieden, an nach vill méi, fir déi Jonk tëscht 12 a 26 Joer.
Kommt awer och Owes op flott Eventer am Spigelzelt mat engem Kinoowent, engem Poetry Slam, Jazzbuffet a Concerten vu Monophona, the Disliked a villen aaneren.
Daucht mat an an dat faarwegt Festivalduerf Schëffleng, um Ferriminera Arts Festival vum 30. Oktober bis 7. November.
Umeldungen an de ganze Programm op www.ferriminera.lu.
                            Am meeschte gelies
                    
    
         
                     
                     
                     
                    