En vue vun den Europawalen den 9. Juni hate mir e Freideg de Moien ee Face-à-Face tëscht 2 Spëtzekandidaten.

Face-à-Face: Frank Engel vs Tilly Metz

Déi europäesch Gréng maachen eng Ouverture, fir no den Europawale mat der konservativer EVP zesummenzeschaffen. Wann dat géing verhënneren, datt d'EVP, d'Europapartei vun der CSV, sech mat "Extrem-rietsen" zesummendeet, da wier dat fir eng pro-europäesch Partei ewéi déi Gréng eng "Verantwortung, déi ee wierklech huet", esou d'Gréng Europadéputéiert Tilly Metz e Freideg de Moien hei op RTL. Si sot awer och déi Gréng géingen "d'Lat" weider héich setzen a kloer Engagementer vun der EVP fuerderen. Ënnert anerem, datt den ekologesche Wandel sozial gerecht weidergefouert géing ginn.

Datt d'EVP awer schonn no riets geréckelt wier, "dat ass jo net ze bestreiden", esou iwwerdeems de Frank Engel. Deen, dee vun 2009 bis 2019 als CSV-Europadéputéierte Member vun der EVP war an elo Kandidat fir Fokus ass, konnt guer net novollzéien ewéi d'EVP d'ungaresch Fidesz-Partei ausgeschloss huet, fir se sech dann 3 Joer méi spéit als Koalitiounspartner sichen ze goen.

Legal Migratioun a Kampf géint Fluchtursaachen

Als Ruck no riets gëtt jo de Migratiounspak bezeechent, deen d'EU-Parlament am Abrëll gestëmmt huet. Wann hien nach CSV-Europadeputéierte gewiescht wier, dann hätt hien deen – ewéi den LSAP-Deputéierte Marc Angel, "mat Bauchschmierzen" matgedroen, huet de Frank Engel zouginn. De Kandidat vu Fokus huet sech kloer fir eng "propper organiséiert Schinn vun der legaler Awanderung" ausgeschwat. Et wier, well et déi net gëtt, datt "quasi all Mënsch" ënnert dem Virwand vum Asyl ukéim. Woubäi een et u sech mat Leit ze dinn hätt, "déi wëllen an Europa liewen, schaffen, d'Äerbel eropstrëppen an dozou bäidroen". An hien huet ënnerstrach, datt an Däitschland zum Beispill d'Handwierk eng Millioun Leit brauch.

Genee ewéi de Frank Engel huet d'Tilly Metz op all d'Secteuren higewisen, wou Leit gebraucht sinn. Déi Gréng hunn awer kloer géint 9 vun den 10 Texter vum Migratiounspak gestëmmt. "Mir brauche kloer Reegele – natierlech - fir d'Migratioun", esou d'Tilly Metz. Allerdéngs géing d'EU mat sengen neie Reegelen näischt géint "d'Fluchtursaache" maachen. Datt keng Noutrettung am Mier virgesinn ass an den Texter, géing och net verhënneren, datt d'Leit sech weider a Booter géinge sëtzen. Dat Eenzegt wier, datt d'Mënscherechter net méi géinge garantéiert ginn.

De Frank Engel huet iwwerdeems och d'Beispill vum Niger genannt, wou Russland elo d'Kontroll hätt a Mënsche reegelrecht a Libyen géing zéie loossen, fir de Migratiounsdrock op Europa z'erhéijen. Seng Konklusioun war deemno: "wann een zu dësem Zäitpunkt Russland a seng Schranke weist, iwwerall do wou ee muss, da mécht een och nach eppes Guddes a Saache Migratiounspolitik."

Eestëmmegkeet oder ee méi staarkt Europa

Ee vun den Haapt-Europa-Sujeten hei am Land war an ass d'Fro vun der Eestëmmegkeet an der EU. Iwwerdeems d'CSV an d'DP fir d'Ofschafe vun der Eestëmmegkeet an der EU-Aussepolitik sinn, hale se an hirem Koalitiounsaccord un der Eestëmmegkeet a Steierfroen awer fest. Nodeems den DP-Europadeputéierte Charel Goerens sot, dat wier keen Allheelmëttel, huet den DP-Ausseminister Xavier Bettel awer virun enger Dampwalz gewarnt, déi iwwer d'Finanzplaz géing fueren. "Déi eenzeg Dampwalz, déi ech hei gesinn, ass déi mental Dampwalz, mat där iwwer all Mënsch gefuer gëtt, dee sech erlaabt, doriwwer nozedenken, datt vläicht Fortschrëtt kéint domat erreecht ginn, datt mer op déi Unanimitéiten do géinge verzichten", esou de Frank Engel. Hien huet och drop higewisen, datt d'Finanzplaz "no all Reform, déi gemaach gouf, méi Geld verdéngt huet, ni manner".

Genee ewéi hien, huet d'Tilly Metz virun engem Imageschued gewarnt, wa Lëtzebuerg mordicus u sengem Veto a Steierfroen géing festhalen. Béid hunn och ënnerstrach, datt ouni d'Estëmmegkeet nach ëmmer eng qualifizéiert – oder Zwee-Drëttel-Majoritéiten – néideg wieren. Déi Gréng Europadeputéiert huet och op d'Bierger-Consultatiounen higewisen, déi sech "ee méi staarkt Europa" géinge wënschen, net zulescht, fir d'Krisen an Erausfuerderungen ze meeschteren.

Keng "einfach Course"

D'Tilly Metz sot iwweregens, si hätt Vertrauen an d'Wieler, datt déi Gréng hiren europäesche Mandat behale wäerten. Op d'Fro, ob egal wéi den Éischtgewielten op der Grénger Lëscht d'Mandat kritt – am Fall, wou zum Beispill de François Bausch méi Stëmme géing kréie wéi si – wollt si net äntweren.

De Frank Engel, deen huet e Freideg de Moien deklaréiert, datt wa Fokus ee Sëtz am Europaparlament géing kréien, hien net "Loscht" hätt, nees bei der EVP ze sëtzen. Fokus géing da bei Renew Europe "usidelen", der Partei, wou seng Co-Kandidatin Monica Semedo aktuell Europadeputéiert ass, obwuel si d'DP verlooss huet. De Frank Engel huet awer och zouginn, datt bei Fokus kee sech ariede géing, datt d'Europawalen eng "einfach Course" wier.