
© Patrick Greis
Mat sengen 63 Joer ass de fréieren grénge Minister Henri Kox haut an der Pensioun. Dat Zweetjéngst vun 11 Kanner vun engem Wënzer a Bauer an enger Mamm déi laang bei der CSV aktiv war, huet sech laang Zäit gelooss bis sech erausgeschielt huet, a wéi eng Direktioun seng Karriär zéie géif, an d'Politik koum eréischt ganz um Wupp vun deene Reflektiounen. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet de Fait dass si zu 11 Kanner doheem waren fir genuch Gespréichsstoff am 'Café des artistes' gesuergt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Henri Kox firwat hien op Arel an d'Internat koum, an aus wéi engem Grond hien dat Internat nees huet misste verloossen. Rieds geet vu senger Mamm déi aus engem gudde Grond gebiede gouf d'Partei ze verloossen a mir héieren, dass eng Rees mat engem Proff an Alaska hien op d'Iddi bruecht huet selwer an den Enseignement ze goen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen