
© Patrick Greis
Déi meescht kennen den Henri Kox als Politiker wou e 15 Joer als Deputéierten an der Chamber souz ier hien an d'Regierung gewiesselt ass. Et gëtt der awer och nach vill déi kennen hien als Proff aus der Handwierkerschoul an anerer hu mat him zu Oochen Maschinnebau studéiert, ouns déi ze vergiessen, déi mat him als Wënzer ze dinn haten. Am 'Café des artistes' am Gronn kruten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten et mat engem joviale Mënsch ze dinn, deen näischt ze verheemlechen hat. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Henri Kox iwwer seng Diplomaarbecht, déi industriell Wärmepompel. Hien beschreift wéi e mat senge Schüler e Solarmobil gebaut huet a verréit wat hien haut un Elektroautoen auszesetzen huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen