
© Patrick Greis
Den Henri Kox huet sech a senger politescher Karriär vum einfachen Member am Gemengerot bis zum Buergermeeschter vu Réimech a vum Deputéierten zum Minister eropgeschafft. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten mam Concernéierten a senger Vergaangenheet gewullt a sinn och op eng Rees mat sengem Proff an Alaska gestouss. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt den Henri Kox wéi en duerch seng Mamm an d'Politik gerutscht ass. Mir héieren déi emotional Geschicht, wéi de Camille Gira an der Chamber a sengen Äerm gestuerwen ass an hien zielt eis wéi et gaangen ass dass hien Minister fir Logement a Police ginn ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen