Den Henri Kox ass vu Formatioun hier Ingenieur a setzt sech zanter laangem, an op verschiddene Niveauen, fir d'Entwécklung vun erneierbaren Energien an. De Proff aus der Handwierkerschoul deen nach bis virun de Walen Minister an der Gambiaregierung war kann op e schéine Parcours zréckkucken. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten op déi eenzel Etappen zréckgekuckt a festgestallt dass et Héichten an Déiften gouf. Piano: Marc Schmidt

13-12-2024 RTL-Afterwork: mam Henri Kox (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt den Henri Kox iwwer säin 'burnout' deen ni grouss an der Ëffentlechkeet thematiséiert gouf. Et geet ëm déi zwou Kapen an der Politik als Buergermeeschter a Minister déi hien emol ophat an ëm d'Fliedermais an hire Notzen am Wäibau.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen