
© Patrick Greis
Den Henri Kox 'schweezt' dat Miseler a mat senger politescher Karriär huet hien sech zimmlech laang Zäit gelooss bis hien no der lokaler Politik op der Lëscht vu senger Partei am Osten 2004 an d'Chamber gezunn ass an do och 15 Joer bliwwen ass. Den 11. Oktober 2019 huet hien de Wiessel an d'Regierung gemaach an do ass hien och bis déi lescht Walen bliwwen, wou et bekanntlech zu engem Fiasko fir seng Partei koum. Am 'Café des artistes' am Gronn huet de Pensionnaire dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden dass hien u sech ganz zefridden als Proff an der Handwierkerschoul war. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et un eisem fréieren 'Directeur de l'Information' Guy Weber deen virum Summer an d'Pensioun gaangen ass. Mat him geet et ëm seng grouss Léift de Fussball a speziell Liverpool. Hien zielt, wéi dacks hien schonn mam Vëlo gefall ass a wat e gebrach huet, rieds geet vun der Sendung DNA an hier verréit firwat d'Martina Navratilova him nom Interview e Glas Waasser iwwer de Kapp schëdde wollt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen