Den Owend um 19:00 ass op der Tëlee e Magazin-Spezial ronderëm d'Thema Arnaquen. Viru kuerzem huet Bee Secure eng nei Campagne mam Numm «Een Af mécht der honnert…» an d’Liewe geruff. Bei där geet et drëms d’Leit iwwert d’Technologie vun de sougenannten deep fakes ze informéieren an anengems iwwert d’Geforen dovunner ze sensibiliséieren.

27/11/2024 Bee Secure: Campagne

De Message ass dann och zimmlech kloer: Gleeft an deelt net alles wat Dir online gesitt! Jeff Kaufmann vu Bee Secure:

«Grad elo rezent hat een am Virfeld vun den US-Walen och vun esou Fäll vun "deep fakes" matkritt an déi kënnen ënner Ëmstänn d’Leit an hirer Entscheedung och beaflossen, zum Beispill bei enger Wal. A wann d’Leit bis ufänken dat ze gleewe wat se do an deenen Onwourechte gesinn an dat dann och aktiv deelen op Social Media, da kann dat schon dozou féieren, dass déi Informatioun dann als bor Mënz vun anere Leit ugeholl gëtt.»

Bei deem ganze spillt déi kënschtlech Intelligenz ëmmer méi eng Roll wann et drëms geet d’Meenung ze beaflossen.

«Dowéinst ass Bee Secure u sech do mat dëser Campagne fir de Leit ze vermëttelen, dass et sou Inhalter ginn an dass et awer och Reflexer ginn déi een hautdesdaags kann uwenden fir Inhalter an Informatiounen um Internet kritesch ze hannerfroen.»

Et gesäit jo an Tëschenzäit zimmlech dacks "deep fakes" um Internet, also Videoen déi mat kënschtlecher Intelligenz gemaach goufen. Iwwerdeems ee bei enger Partie Videoen direkt gesäit, dass se fake sinn, muss ee bei anere gutt oppasse well se wierklech echt ausgesinn. Dowéinst sollt ee sech bei engem Contenu vum Internet generell ëmmer direkt e puer Froe stellen:

«Wie stécht hannert der Informatioun? Ass d’Source vertrauenswierdeg? A wéi gëtt de Sujet vun anere Websäite presentéiert? Dat heescht, fir ze resuméieren «Een Af mécht der honnert» schléisst u sech dorunner un, dass ier een eppes um Internet deelt, sollt ee wierklech checken ob dat wouer ass wat do steet oder wat do gewise gëtt.»

Dacks ass ee sech nämlech selwer net onbedéngt bewosst wat een domadder ausléise ka wann ee falsch Informatioune respektiv Fake online weider verbreet.