'Pampasgras' ass de Moment nees grouss am kommen. Ob elo am wäissen oder mat de wäiss-rosae Plommen, wat natierlech vun der Zort ofhänkt, déi een am Gaart stoen huet. De Jeannot Lacour weess, dass een do op eng ganz Rëtsch Saachen oppasse muss fir dass d'Planz an hirer ganzer Pruecht erëmkënnt.

Et gi vill Feeler gemaach, beim Schneiden zum Beispill. Do ass et ganz wichteg, dass 'Pampasgras' net virum Wanter oder wärend dem Wanter iwwer dem Buedem ofgeschnidde gëtt. Do soll ee scho waarde bis um Enn vum Wanter, Ufank vum Fréijoer, wann ee gesäit, dass déi nei Schëss vun deene Grieser kommen. Da kann ee roueg schneiden, da kann een net vill falsch maachen. Ganz wichteg, firwat soll een net am Wanter schneiden, et kënnt dacks vir, dass Pampasgras an der Mëtt fault, dat heescht et huet ee just nach e Kranz ronderëm, an an der Mëtt ass guer näischt méi.

Jeannot Lacour - Pampasgras - schneiden

An dann ass et awer och eng Fro vun der Ästhetik.

Dat kënnt dovunner, dass an der Mëtt d'Häerz vun deem Gras ufänkt mat faulen, wann zum Beispill Schnéi drop läit, vill Fiichtegkeet. A wann ech et virum Wanter schneiden, jo dann ass genuch Plaz do fir dass de Schnéi kann drop leien. Dofir ass et och wichteg, wa Loft ass oder Schnéi fält säi Gras zesummen ze bannen an da wierklech net just virum Wanter schneiden, dass do näischt drop kënnt.

Jeannot Lacour - Pampasgras - bannen