Mir sinn matzen dran an där Zäit wou ee frou ass wann een mat senger Gripp, séier bei kënnt bei engem Hausdokter. A wann een vill ronderëm telephonéiere muss fir e Rendez-vous ze kréien, mierkt een, dass mer keen ze vill hunn. Leider ginn der och all Joer an d'Pensioun, mee et kommen neier no. De Mëtteg sinn et 12 nei Hausdokteren déi an de Pool kommen, an hiren Diplom a Presenz vun direkt 2 Ministeschen iwwerreecht kréien.

Den Dr Nico Haas huet si als Proff op hirem Wee begleet a kennt déi Streck déi hannert hinne leit. Fir d'éischt emol 6 Joer Basisformatioun wéi all Dokter.

An dann mécht eng eng Spezialisatioun déi sech elo zu Lëtzebuerg op 4 Joer beleeft. Dann huet een den Titel als Spezialist an der Allgemengmedezin. Besonnesch ass dass et 20 Joer sinn, dass déi Formatioun hei zu Lëtzebuerg ugebuede gëtt. Besonnesch ass och nach dass déi Formatioun net gewollt war vun den Autoritéiten, also vum Staat oder vun der Regierung, awer dass se gewollt war vun der Professioun fir dass méi Hausdokteren sollten op de Maart kommen well an eisen Aen den Hausdokter dee wichtegsten Creneau ass an der ganzer Medezin, well hien am Fong pierre angulaire soll sinn fir de Patient ze guidéieren.

Dr Nico Haas - Basisformatioun

Waren et 2023 nach 18 Generalisten déi bäikomm sinn, a sech hei am Land forméieren gelooss hunn, dann ass et dëst Joer eng Dosen déi prett ass fir an den Asaz.

Déi dann och erëm kënne schaffen am Land. A wann een haut op d'Sich geet no engem Hausdokter, vue dass an där laanger Zäit vun deenen 20 Joer iwwer 218 Dokteren schonn diploméiert gi sinn, huet een eng Chance op 2 fir en Hausdokter ze fannen, deen hei am Land ausgebilt ginn ass. Dës Formatioun déi gemaach ginn ass huet och e groussen Avantage gehat, well se huet den Autoritéiten gewisen dass eng Formatioun hei zu Lëtzebuerg méiglech wier, an zanterhier hu mir och déi 3 éischt Joer Medezin.

Dr Nico Haas - se gi gebraucht

A wann den Dr Nico Haas sech och elo selwer op seng Pensioun preparéiert, seng Praxis raumt an der Jugend Plaz mécht, da kann net just hien berouegt sinn, dass seng jonk Kolleegen de Patienten mat vill Wëssen an engem oppenen Ouer zur Verfügung stinn.