Wann et een Job gëtt, wou ee sech all Dag op en Neits iwwerrasche léisst, wat op een duer kënnt, dann ass dat ganz gewëss als Dokter awer och als Déierendokter. D'Romi Roth beschreift eis haut en x-beliebegen Dag an hirer Déierepraxis, wou ee mengt et wier een am Zirkus a wéisst mat Momenter net wou engem de Kapp stéing.

An der Salle d´attente war alt nees eng méi lass. Den alen Dackel Doody, wéinst sengem Réck ferm granzeg, huet an engem Stéck ganz haart gebillt. Mat gellegem Gefieps huet de butzege Chihuahua Max, eng déck Stonn ze fréi op säi Rendez-vous, agelaut. Dat alles andeems mir an der Consultatioun amgaang waren um Kueder Louis sengen Oueren ze schaffen. Esou lues ass deen dunn och queesch ginn, wat seng Meeschtesch nervös gemaach huet, wouwéinst hire Kueder nach méi rabellesch ginn ass.

Romi Roth - Remmidemmi an der Praxis - Feststellung

Dat ass déi Saach mat de 'Spiggelneuronen'. An en Déierendokter gëtt do och alt gäre méi wibbeleg, zemol well ee weess wat do alles geschéie kann.
D'Josefinn war elo och mat senge Leit an der Receptioun ukomm, fir e Vermifuge géint seng Wierm sichen ze kommen. Well de krappegen Hush Puppie de Collier just labber u sengem Hals mat Falen sëtzen hat, konnt hatt sech eenzock draus erausdruddelen an ass du riicht op den Doody lass gewatschelt. Esou séier, dass keen et komme gesinn hat, huet deen ale Granzert an ee vum Josefinn senge risege Läffelen gepëtzt an en mat sengem spatzen Eckzant bis un de Bord gespléckt. No Jett Fléckgebitz ass un deem Ouere-Seegel just nach eng diskret Längzeechen ze gesinn. Mam Calmant, dee mir dem Doody seng Leit extra fir esou Geleeënheete matginn haten, wier dee Misär net geschitt. Mä dem Josefinn säi Collier sëtzt awer elo och méi just.

Romi Roth - Remmidemmi an der Praxis - Traitement