
© Patrick Greis
Vu Formatioun hier ass den Henri Kox Ingenieur, war Proff an der Handwierkerschoul, an als Member vun 'déi gréng ' war hien 15 Joer Deputéierten a spéider Minister. Am 'Café des artistes' am Gronn verréit de Pensionnaire dës Woch dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi et ass zu 11 Kanner doheem ze sinn. Mir ginn gewuer firwat hien den Internat zu Arel huet missten verloossen, duerch wéi en Ëmstand hien mat der Politik a Verbindung koum, a firwat Fliedermais fir den Hobbywënzer sou wichteg sinn. Piano: Marc Schmidt

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et un eisem fréieren 'Directeur de l'Information' Guy Weber deen virum Summer an d'Pensioun gaangen ass. Mat him geet et ëm seng grouss Léift de Fussball a speziell Liverpool. Hien zielt, wéi dacks hien schonn mam Vëlo gefall ass a wat e gebrach huet, rieds geet vun der Sendung DNA an hier verréit firwat d'Martina Navratilova him nom Interview e Glas Waasser iwwer de Kapp schëdde wollt.