Den RGTR Bus-Reseau gëtt reegelméisseg ugepasst fir besser op d'Besoinen vun de Passagéier anzegoen. Elo um Enn vum Joer gi verschidde Propositiounen an Ureegunge vun de Bierger ëmgesat, déi zu enger Verbesserung vum ëffentlechen Transport bäidroen.

13/12/2024 Mobilitéit.lu

Den RGTR Busreseau gëtt e puer Mol am Joer ugepasst, fir de Besoinen vun den Notzer entgéintzekommen. Dëse Sonnden, de 15. Dezember ass de leschte Fuerplangwiessel vun dësem Joer. Fir iwwert déi wichtegst Ännerungen ze schwätzen begréisse mir d’Petra Svoboda vun der Verwaltung fir ëffentlechen Transport bei eis am Studio. Wat bréngt dann de Fuerplangwiessel vum 15. Dezember fir d’Notzer vum RGTR mat sech?

Ma d’Zil vun engem Fuerplangwiessel ass jo ëmmer fir de Besoine vun de Passagéier gerecht ze ginn an esou de nationale Busreseau kontinuéierlech ze verbesseren. Sou goufen och dës Kéier nees Propositioune an Iddie vun de Passagéier an och vun de Gemengen analyséiert an – wann se e reelle Virdeel um Terrain mat sech bréngen – och ëmgesat. Sou hu mer zB mat der Gemeng vun Helperknapp zesummegeschafft fir d’Buslinnen nei ze organiséieren an esou d’Circulation vun de Bussen an der Gemeng ze verbesseren.

Gëtt et do nach aner, änlech Beispiller déi s du op dëser Plaz kéin s ervirhiewen?

Et gi Fäll wou Linnen aus der selwechter Regioun kommen a sech op hirem Wee Richtung Haaptstad e gemeinsame Streckenofschnëtt deelen. Wann dës Bussen mat engem méiglechst reegelméissegen Takt fueren, kënnen Uertschaften, déi op dëser Streck leien, vun enger attraktiver Busverbindung an d’Stad profitéieren. Esou goufen zb d’Linnen déi aus Réiden, Weiler-la-Tour an dem Wandhaff esou optiméiert dass se di bescht méiglech Verbindungen an d’Stad bidden.

Ech hunn an ärem Pressecommuniqué gelies, dass och d’Linn 551, déi vu Thionville op de Belval fiert, däitlech verbessert gouf.

Jo, genau. Dës Linn gouf 2023 agefouert, mee well den Tracé iwwert d’A3 an d’A13 gefouert huet, war se wéinst dem dichten Verkéier net ganz attraktiv. Den Tracé gouf also komplett iwwerschafft a féiert elo net méi iwwert d’Autobunn mee duerch franséisch Uertschaften wéi Ludelange, Aumetz an Audun-le-Tiche. Dëst wäert d’Reeszäit ëm eng gutt hallef Stonn verkierzen an bitt eng zousätzlech Offer fir déi 3 ernimmten franséisch Gemengen an Richtung Grand-Duché.

Et héiert een heiansdo dass verschidde Buslinnen iwwerlaf sinn. Gëtt do eppes an déi Richtung ënnerholl?

Allerdéngs! Fir der Iwwerlaaschtung vu bestëmmte Linnen uechtert d’Land entgéintzewierken gi plazeweis méi grouss Bussen agesat, zousätzlech Coursen agefouert oder d’Horairen ugepasst.

Mir si scho bal um Schluss ukomm. Hues de nach e leschte Punkt deens de mat eis deele wëlls?

Wéi bei all Fuerplangwiessel ass et wichteg, dass d’Leit kuerz kontrolléieren op hier Linn vun Upassungen betraff ass. Dofir kann ee ganz einfach lo schonn op mobiliteit.lu kucke goen – do sinn all d’Linnen eenzel opgelëscht; dat sinn der eng Ronn 50 Stéck. An och an eiser Mobilitéits-App sinn d’Fuerplangdonnéeë schonn à jour gesat an et kann een elo schonn fir d‘nächst Woch seng Faarten plangen fir ze kucken ob sech fir een perséinlech ob senger Faart eppes ännert.

Villmools Merci, Petra! A fir all déi, déi net sou gären an der digitaler Welt ënnerwee sinn, déi kënnen sech iwwert de Call Center vu mobiliteit.lu op der Nummer 2465 2465 informéieren.