
© Patrick Greis
De WE ass déi Zäit, wou déi eng dee Schlof nohuelen, deen se an der Woch verpasst hunn, an anerer ginn op den Tour a maachen d'Nuecht zum Dag. Den Dr Marc Keipes aus dem groussen GesondheetsZenter op der Gare mengt et wier schwéier e kloert Bild ze zeechnen, a wéi engem Alter de Kierper wéi vill Schlof brauch, well d'Spezialisten sech emol net eens sinn. Mee kloer ass, dass d'Jugend sech nach ëmmer manner huet missten ausraschte wéi déi méi al, an dat huet seng Ursaachen.
Bei deene Jonke vun 18-25 Joer gëtt nach ëmmer vill Melatonin an der Zirbeldrüs gebilt, mee si gi méi spéit an d'Bett an hunn d'Tendenz moies och duerfir méi laang ze schlofen. Eng Dauer vun 7-9 Stonne wier ideal, well dat festegt dann och déi kognitiv Entwécklung. Bei deene 26 bis 44järegen gëtt scho manner Melatonin produzéiert, wann d'Luucht ausgeet. An dat ass och déi Phase am Liewen mat deem meeschte professionellen oder private Stress. Erwäsche besonnesch an der Wollefsstonn tëscht 3 a 4 Auer kënnt vir, well de Melatonin ass um Verschwannen an de Stresshormon Kortisol fänkt lues un anzeschloen.
An da läit een do, an et entschléift ee just ier de Wecker schellt. Déi ideal Dauer wier do 7-8 Stonnen. A mir komme bei déi nächst Altersgrupp an der Pyramide vum Schlof.
Tëscht 45 a 59 Joer kënnt et virun allem bei den Dammen duerch d'Menopause zu reegelméissegen Ënnerbriechunge vum Schlof duerch Hëtzten a Schweessausbréch. D'Schlofdauer geet och zréck, e Minimum vu 6 Stonnen sollt et awer schonn sinn. Ab 60 ass reegelméissege Schlof genau sou wichteg. Trotzdeem dass d'Melatoninproduktioun weider erofgeet, gi Leit ab 60 méi fréi an d'Bett, erwächen doduercher awer nach éischter wat den Dr Büchler ëmmer 'senile Bettflucht' genannt huet. Wichteg ass ëmmer, vill Dagesliicht am Dag, noutfalls am Wanter mat spezielle Luuchten nohëllefen, an nuets och méiglechst d'Luucht ausmaachen.