Chrëschtmäert gëtt et der de Moment am ganze Land, an iwwerall versiche se sech e bësschen z'ënnerscheeden. Déi eng hunn eng Äispist derbäi, anerer hu méi Stänn wou d'Handwierk grouss erauskënnt. Et gëtt där wou d'Musek net just vum Disk kënnt an anerer erënnere schonn un eng kleng Kiermes mat Spiller fir déi Kleng. Wou awer keen drop verzichte wëll ass eng Kéisfondue oder seng Wurscht. Zu Bouneweg, um vegane Chrëschtmaart, gouf et do de WE awer fir déi néngte Kéier Alternativen, an alle Beräicher, net just um Grill.

16-12-2024 Vegane Chrëschtmaart (1) Stänn
RTL

D'Organisateuren hunn der grousser Demande vun de leschten Editiounen noginn, wou all Joer ëm déi 1.500 Leit op engem Dag op Bouneweg an de Centre Culturel laanscht koumen an hunn d'Offer vergréissert. Se sinn och op zwee Deeg iwwergaangen an de Succès huet hinne Recht ginn. d'Leit kommen vun iwwerall.

16-12-2024 Vegane Chrëschtmaart (2) Leit
16/12/2024 Vegane Chrëschtmaart
RTL
RTL
RTL