De Guy Weber, dee virum Summer an d'Pensioun gaangen ass, war bis dohinner den 'Informatiounsdirekter' bei RTL. Mam 'Vollbluttjournalist' geet et ëm seng grouss Léift fir de Fussball a speziell Liverpool. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt hien awer och, wéi dacks hie scho mam Vëlo gefall ass a wat e gebrach huet, rieds geet vun der Sendung DNA, hie kuckt zréck op all berufflech Etappen a verréit, firwat d'Martina Navratilova him nom Interview e Glas Waasser iwwer de Kapp schëdde wollt. Piano: Marc Schmidt

16-12-2024 RTL-Afterwork: mam Guy Weber (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt de Guy Weber, dass hien ni en Ass um Fussballterrain war, awer, dass hien bis haut zu senger deemoleger Duerfekipp hält. De Journalist zielt wéi eng däitsch Ekipp hien guer net interesséiert och wa se 32x däitsche Meeschter ginn ass, an erkläert eis seng Léift zu Liverpool.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen