
© Patrick Greis
De Guy Weber ass wierklech sou en Denkmal vun RTL. Als Journalist huet hien alles matgemaach vum Sport iwwer d'Presentatioun vum Journal op der Tëlee bis hin zum 'Informatiounschef'. Hien huet um Mikro ugefaange, war spéider virun der Kamera, ier hien d'Ficellen vun de Redaktiounen gezunn huet. Am 'Café des artistes' konnt hien, mat e puer Wochen Recul, op seng Aarbecht zréckkucken awer och Privates auspaken virum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, wou hien verroden huet duerch an duerch e Sportsmann ze sinn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Guy Weber iwwer dee schéinste Match mat Liverpool deen hien live gesinn huet. Den RTL Journalist verréit dass hien am Stadion all Hemmungen verléiert och wann et ëm d'sangen geet, an hien erënnert sech un déi spannend Sendung DNA.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen